Schwaachen Optakt an d’Réckronn

86:55 ass den Retourmatch géint d’Lions verluer gaange. Ee katastrophalen éischte Véierel (20:6) huet eis direkt d’Genéck gebrach. Déi 2 Véierel duerno wären méi ausgeglach, mee de néidegen Driff an offensiv Power hu gefeelt vir nach eng Kéier ganz no erun ze kommen. Am leeschte Véierel huet dunn eng ze harmlos Defense e Schummi Festival zougelooss an d’Bier wär geschielt.


Allez Jongen, lo gëllt et sech rem ze sammelen an déi nächst Matcher méi konzentréiert an effikass ze spillen!

Schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d’neit Joer!

De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d’neit Joer !!



Mat enger Victoire an d’Chrëschtvakanz

De leeschte Match vum Joër gouf mat 74:25 géint d’CFL gewonn. Eis Kollegen vun der CFL hatten vill Ausfäll ze bekloën a konnten nëmme mat engem reduzéierten Effektiv untrieden.

Null vun zwee

De gudden Elan aus den éischte Matcher konnt leider net matgehol ginn. Géint d’Spuerkees, Champion vum leschte Joër, gouf et mat 67: 51 eng an d’Këscht. Ons Equipe ass net gudd an de Match komm an huet vill gudd Chancen léie geloss. Mir wäere net an Top Besetzung an de leschten Driww huet och gefehlt. De Géigner huet net vill zougelooss, en plus gudd vu bausse getraff an vill Rebond’en geholl.

3 vu 4 Véirel si verluer gang an am leschten Véierel huet BCEE jhust nach bräichen de Match ze géréieren. Dëse Match wär d’Spuerkees kloer besser.

Géint d’Schoulmeeschteren si mir mat zevill Respekt an de Match gaangen. Am zweete Véirel super gespillt (26-5), mee déi 2 lescht Véirel erem verluer. Nët genug Disziplin am Spill. Jiddereen wollt, et ass awer net vill gelongen. Do wier méi dra geweescht, mee am Endeffekt ass de Match 57-69 verluer gang.

Lo gëllt et erem sech ze sammelen fir déi naechst Matcher puer Punkten ze sammelen. Allez BBC Police!

Zwee vun zwee

Gudden Optakt an déi néi Bascol Saison! Géint d’Diddlenger Liouns wäre mir zu engem gewëssen Zäitpunkt 14 Punkten hannen. Eis Jongen hunn d’Nerven awer net verluer an sech zréckgekämpft fir schlussendlech mat 64:60 géint ee schwéire Géigner ze wannen.

Am zweete Match vun der Saison géint Amazon gouf et keng gréisser Problemer de Mätch ze geréiren. Endresultat: 63:78

4. Participatioun un engem USPE Final Round

No der Top Performance vun eiser Basketsekipp am Mäerz 2022 beim Qualifikatiounstournoi zu Esch Uelzecht mat Victoiren géint Italien an Holland wär d’lëtzebuerger Police automatesch fir den Endtournoi am Juni 2022 zu Limoges (F) qualifizéiert

Leider konnten mir wéinst ganz kurzfristegen Erkrankungen an aner sportlech Verpflichtungen vun e puer Spiller net an Beschtbesetzung op Limoges fueren. Esou konnt letztendlech kee Match gewonn ginn.

Den Tournoi gëtt gewonne vun de Griichen, déi Däitschland mat 71:65 an engem fir Policebasket  ganz héichen Niveau an der Finale geklappt hunn. D’Griichen hunn domat 4mol hannereneen dësen Tournoi gewonne, eng ganz aussergewéinlech Leeschtung déi och op hire exzellenten Kader zréckzeféieren ass, mat notamment puer fréieren Profi Spiller.

Weider Informatiounen & Photoen zu dësem Tournoi fann dir hei

WordPress Themes