Category: Neiegkeeten

Saison 2023/2024 as eriwwer …..

den BBC Police huet sech als 4. klasséiert an spillt nächst Saison weiderhin an der 1. Divisioun

BBC Police – EIB Basketball

Den Dënschten, 23. Januar 2024 huet eis Equipe den Match géint EIB Basketball mat 66 op 52 gewonnen.

Den BBC Police wënscht Iech e schéint neit Joer

Resultater vun der Virronn am BASCOL Championat

Resultater:

Tabell:

Verschidden Equippen hunn nach Mätcher nozehuelen!

http://www.bascol.lu/

Den BBC Police op der Journée de la Police 2023 zu Esch-Belval

Groussen Succès hat eisen Gedrenksstand op der Journée de la Police um Belval!

Time to step back

No 20 Joer an der Funktioun vum President vum Club ass d’Zäit komm fir zréck ze trieden. Et wier mir eng Éier all déi Joer  de Club als alleréischten President mat Passioun ze leeden.


D’Fërderen vun der kierperlech Fitness an der Beruffswelt mat hirem esou wichtegen Impakt op déi mental an physesch Gesondheet, beandrockend sportlech Victoiren, vill Schweess op den Trainingen an dat ëmmer flott Zesummesinn no intensivem Effort an der souwichteger 3. Hallschent, all dës Elementer hunn gehollef Komerodschaft an den Team-Spirit an der Police ze stäerken. Dësen Erfolleg ass och den Ustrengungen vun deene sëllegen Comitésmemberen iwwer all déi Joer ze verdanken.

Eis Participatioun am Bascol Championnat wär an ass och nach ëmmer eng flott Saach. Och all den Responsabelen vum Bascol Comité e grousse Merci fir hiren benevollen Asaz. An och den Arbitteren.

Sécherlech wäert ech och den tëschemënschlechen Austausch mat den internationalen Policekollegen wärend Frëndschaftsmatcher an dem USPE Championnat mëssen. Et wär eng Freed, 4 mol een USPE Quali Tournoi hei zu Lëtzebuerg z’organiséieren an och sech dierfen fir d’Final Rounds am Ausland ze qualifizéieren.

Op menger leschter AG als President hunn d’Memberen mech mam Iwwerreechen vun der héchster USPE Auszeechnung, der „Medal of Honour“, iwwerrascht. Merci!

Déi néien Comité ass an de Startlächer an ech hu vollst Vertrauen an hir Fäegkeet de Club a seng Philosophie mat vill Succès weider ze féieren.

WordPress Themes