Schon nom 1.Véirel wären mir 24-12 vir. Am 2. Véirel ass bei ons vill gewiesselt ginn, de Spillfloss ass verlueren gaang an Amazon huet gekämpft, esou ass dësen Véirel 14-16 verluer gang. No der Paus waer de Géigner dunn total vun der Rull (17-0) an mir woren am Rebound einfach zevill iwwerléen. Endresultat vum Match 81:45.
Mir stinn lo am Mëttelfeld vun der Tabell mat 4 Victoiren aus 7 Matcher.
86:55 ass den Retourmatch géint d’Lions verluer gaange. Ee katastrophalen éischte Véierel (20:6) huet eis direkt d’Genéck gebrach. Déi 2 Véierel duerno wären méi ausgeglach, mee de néidegen Driff an offensiv Power hu gefeelt vir nach eng Kéier ganz no erun ze kommen. Am leeschte Véierel huet dunn eng ze harmlos Defense e Schummi Festival zougelooss an d’Bier wär geschielt.
Allez Jongen, lo gëllt et sech rem ze sammelen an déi nächst Matcher méi konzentréiert an effikass ze spillen!
De leeschte Match vum Joër gouf mat 74:25 géint d’CFL gewonn. Eis Kollegen vun der CFL hatten vill Ausfäll ze bekloën a konnten nëmme mat engem reduzéierten Effektiv untrieden.
De gudden Elan aus den éischte Matcher konnt leider net matgehol ginn. Géint d’Spuerkees, Champion vum leschte Joër, gouf et mat 67: 51 eng an d’Këscht. Ons Equipe ass net gudd an de Match komm an huet vill gudd Chancen léie geloss. Mir wäere net an Top Besetzung an de leschten Driww huet och gefehlt. De Géigner huet net vill zougelooss, en plus gudd vu bausse getraff an vill Rebond’en geholl.
3 vu 4 Véirel si verluer gang an am leschten Véierel huet BCEE jhust nach bräichen de Match ze géréieren. Dëse Match wär d’Spuerkees kloer besser.
Géint d’Schoulmeeschteren si mir mat zevill Respekt an de Match gaangen. Am zweete Véirel super gespillt (26-5), mee déi 2 lescht Véirel erem verluer. Nët genug Disziplin am Spill. Jiddereen wollt, et ass awer net vill gelongen. Do wier méi dra geweescht, mee am Endeffekt ass de Match 57-69 verluer gang.
Lo gëllt et erem sech ze sammelen fir déi naechst Matcher puer Punkten ze sammelen. Allez BBC Police!
Gudden Optakt an déi néi Bascol Saison! Géint d’Diddlenger Liouns wäre mir zu engem gewëssen Zäitpunkt 14 Punkten hannen. Eis Jongen hunn d’Nerven awer net verluer an sech zréckgekämpft fir schlussendlech mat 64:60 géint ee schwéire Géigner ze wannen.
Am zweete Match vun der Saison géint Amazon gouf et keng gréisser Problemer de Mätch ze geréiren. Endresultat: 63:78