4. Participatioun un engem USPE Final Round

No der Top Performance vun eiser Basketsekipp am Mäerz 2022 beim Qualifikatiounstournoi zu Esch Uelzecht mat Victoiren géint Italien an Holland wär d’lëtzebuerger Police automatesch fir den Endtournoi am Juni 2022 zu Limoges (F) qualifizéiert

Leider konnten mir wéinst ganz kurzfristegen Erkrankungen an aner sportlech Verpflichtungen vun e puer Spiller net an Beschtbesetzung op Limoges fueren. Esou konnt letztendlech kee Match gewonn ginn.

Den Tournoi gëtt gewonne vun de Griichen, déi Däitschland mat 71:65 an engem fir Policebasket  ganz héichen Niveau an der Finale geklappt hunn. D’Griichen hunn domat 4mol hannereneen dësen Tournoi gewonne, eng ganz aussergewéinlech Leeschtung déi och op hire exzellenten Kader zréckzeféieren ass, mat notamment puer fréieren Profi Spiller.

Weider Informatiounen & Photoen zu dësem Tournoi fann dir hei

WordPress Themes