2mol verluer, 1 mol gewonn

Zum Optakt vum Bascol Championnat no der laanger coronabedengter Paus hu mir leider 2mol direkt géint Titelkandidaten verluer.

Géint Spuerkees ass mat 58:61 verluer gin. Et waer e flotte Match fir nozekucken an fir Bascolverhältnisser op engem héigen Niveau. D’BCEE waer awer am „Money time“ méi ofgekacht an konnt de Match um Ënn dréinen.

Géint d’Black Lions waer eis Ekipp manner a Form, vill dolanscht geschoss an schlecht Defense. Een grujelegen 2. Véirel (20:2!) hue de Match entscheed. Endresultat 60:50 fir d’Lions.

D’Ekipp vun EY Lëtzebeurg, déi nëmme mat 5 Spiller ugetrueden waer, waer keen Gradmesser an. De Match gouf locker 86:56 gewonn.

WordPress Themes