56:68 géint d’Post verluer

 Net an optimaler Ekippenopstellung ass et géint d’Post gangen. En plus wären mir am 1. Véirel net mat (15:25). Eise Géigner hued gudd marquéiert. Den 2. Véirel wär net besser an ass 7:16 verluer gangen. No der Halschent si mir nach eng Kéier op 6 rukomm, mee eis Ekipp krutt den Écart net méi reduzéiert.

Rem no un d’Tabellespëtzt!

 Déi éischt Begéignung am néien Joër géint den Teamteaching konnt dank enger staerker Ekippenopstellung mat 57:74 gewonne ginn. Eis Faerwen konnten direkt am éischte Véirel een Avantage vun 9 Punkten rausspillen. D’Teachers hun déi folgend Véirel awer weider dogéint gehaalen an net labber geloss. Et sollt awer net duergoen fir den Ufanksretard wett ze machen an esou hued eis Ekipp mat 57:74 gewonn.

Mir stinn lo rem an Klassement mat 4 Victoiren op der 2. Platz hannert der CFL.

Schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d’neit Joer!

De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d’neit Joer !!

 

Lux-Ballers : BBC Police 48:66

 Déi lescht Begéignung am Bascol (Nodro’smatch) fir dëst Joër  gouf ee flotte Match zum Nokucken.

Déi 2 Ekippen hunn jeweils e staerke 5-de-base alignéiert, deen dëst Spill op een héijen Niveau lancéiert hued. Op deenen 2 Säiten gouf eng stramm Defense gespillt an esou dem Géigner näicht geschenkt. D’Lux Ballers waeren nom éischte Véirel 16-13 vir. Eis Ekipp hued awer weider konzentréiert an intensiv gespillt an konnt dunn ab dem Enn vum 2. Véirel d’Féierung iwwerhuelen. An der Suite waer de BBC Police dann routinéiert genug fir bis zum Schluss den Écart nie enner 10 Punkten fallen ze lossen. Fazit: Flotte Match an tiptop Prestatioun vun eiser Ekipp!

Victoire géint den Tabelleleader BIL!

 Eis Ekipp konnt mol rem eng Kéier mat 10 Spiller untrieden an och direkt een  gudden Start dohinner léen. D’Trefferquote waer héich am Géigesatz zum Géigner, deen sech en plus nach selwer mat Faute techniquen geschwächt hued. Esou stung et nom éischte Véirel schons 24:8 fir eis.

An der Suite konnt d’BIL eis nie méi eeschthaaft geféierlech gin an de Coach hued d’ganz Ekipp rotéire geloss. Eis Faerwen hun och zäitewäiss flotte Basket mat schéine Passen op de fräie Mann gewiesen.

Endresultat 71: 57. Dës Victoire hued dem BBC Police erlaabt sech rem e bessen vun den enneschten Tabelleplatzen ofzesëtzen, wat dann och der Stëmmung op eisem uschléissender X-mas Dinner net verdrësslech waer.

 

Näicht ze huelen géint d’Black Lions

  D’Lions waeren, am Géigensatz zu eis, vun Ufank un gutt am Match an hun och vu baussen gudd getraff.  Mir krutten si defensiv och net besser an de Grëff esou dat et schons zum Schluss vum 1. Véirel 25:11 stung. Am 2. Véirel had een kurzzäiteg d’Impressioun dat eis Ekipp kéint zréckkommen, mee dëst waer nemmen ee Stréifeier. Letztendlech sin mir weiderhin dem Retard nogelaf a konnten d’Rudder nie ëmgeheien. Endresultat: 79:60 fir d’Lions.

WordPress Themes