Category: Neiegkeeten

1. Bascolschampionnatsmatch 84-45 géint d’Black Lions verluer

Bascol mit Text Duerch Verletzungspech an Ofsoen an leschter Minutt krutte mer knapps eng Ekipp zesummen. Sougesin ass dat Resultat an der Réi, besonnesch well eis Spiller trotz dem dauernden Drock vun de Lions vun Ufank bis zum Schluss vum Match weider gekämpft hun.

Wann den Ekippengeescht vun desem Match an déi naechst Matcher matgehol get an mir rem eng komplett Ekipp kënnen opsetzen, da gesäit et nach guer net esou schlecht fir d’Suite vun der Saison aus!

Et geet erem lass!

Ab muer Dënsden 18.30H rem wéi gewinnt all Dënsden  Training an der ISL.  images

Éischte Bascolmatch ass dann den 2.10 zu Diddeleng géint d’Black Lions.

Summer !! Vakanz !!

Bulldog Summer

D’Haal ass bis Ufanks September zou!

De BBC Police wënscht Iech all eng flott an erhuelsam Vakanz !!

D’Haal ass lo e puer mol zou!!

header.jpg

Trainingszäiten:

Opgepasst, d’ISL hued eis matgedeelt dat d’Haal op folgenden Datumer zou ass:

4-20 Abrëll 2014

26 Abrëll – 3 Juni 2014

Op deene Datumer ass also keen Training an der ISL!

 

84:66 géint d’Post verluer

Bascol Logo

De leschte Match vun der Saison ass mat 84: 66 géint d’Post verluer gangen, déi nach Titelambitiounen hatten.

D’Bascolsaison ass elo riwwer an eis Ekipp klasséiert sech als 4. vu 6 Ekippen mat 4 vun 10 gewonnenen Matcher.

BASCOL Champion 2013/14 sinn d’Team Teaching an dat punktgläich mat der Post. No der Coupe hunn si sech dann elo och konnten am Championnat den Titel huelen an feieren dann hiren 1. Doublé am BASCOL. Gratulatioun

Wichteg Victoire géint d’Brown Brothers !

Bascol Logo

Mir haaten en Effektiv wéi nach nie an deser Saison, waat einfach weist, dass d’Equip  wannen wollt mam Ziel an der 1. Divisioun ze bleiwen.Mir sin mat Vollgaas an den Match gaangen, haaten awer erem zeitweis net déi néideg Reussite mat eisen Schess. Mir louchen vun Ufank un emmer em 3-5 Punkten fir, an dank enger zeitweis super Défense hun mir desen Ecart och haalen koennen an zum Schluss op 10 Pkt ausbauen. Mir hun verdéngt gewonn. D’Schlussresultat waar 76 – 66.

WordPress Themes