Category: Neiegkeeten

66:80 géint d’schwarz Léiwe verluer

Bascol mit Text

D’Black Lions, als ongeschloenem Tabelleleader, sin als Favorit an dëse Match gangen. An vu que dat eis Ekipp nëmmen vereenzelt gudd Spillzich Opweises had, konnt um Schluss keng Victoire raussprangen. Allez Jongen, Kapp héich, et gëllt déi naechst Matcher déi ganz wichteg sin, ze gewannen!

Schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch an d’néit Joer

De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren schéi Féierdeeg

an ee gudde Rutsch an d’néit Joer !!

BBC Police Wensch 2014

Schoulmeeschteren – Police 66:45

Bascol mit Text  Mir waaren motive’ert, sin allerdéngs net gud an den Match erakomm , hun eis awer  dunn dru gin a konnten no 10 Minuten bal erem opschléissen.  Mee wéi eis Lay-Up’en zum gréissten Deel  net eran goungen a mir eis eng Rei vun Feelpassen erlaabt hun, hun déi ‚aal Huesen‘  vun Schoulmeeschteren kloren Kapp behaal  an den Ecart  gemach. Mir hun et einfach net méi gepackt bei ze kommen.

Entäuschent Défaite géint d’Post

Bascol mit Text Géint eng Ekipp vun der Post déi mat 5 Mann ugetrueden waer, hu mir eis ganz ganz schlecht ugeluegt, esou dat et de Match zum Schluss mat 82:53 verluer gin ass!!

Déi éischt Victoire!

Bascol mit Text Gëschter hued eis Ekipp seng 1. Victoire am laafenden BASCOL Championnat géint d’Luxballers konnten afueren. Um Schluss stung et 72-57 no enger akkzeptabler Lëschtung fir eis Faarwen. Dest hued et eis och erlaabt eis vum Tabellewupp ze léisen. Weider esou!

51-53 géint d’Spuerkees verluer!

Bascol mit Text   Obwuel mir duerchaus eng kompetitiv Ekipp um Terrain hatte, ass dëse Match verluer gangen. Ausser am 2. Véirel wou déi ganz Ekipp gudd gedréint hued, wär keen richtegen „Jus“ do an eis Spiller konnten och keng Akkzenter sëtzen. Sou koum et dann och dat et duerno immens eng gin ass a mir fatalerweis op 2 Punkte verluer un. Sëcherlech eng onnéideg Défaite!

WordPress Themes