Géint d’Post (57-65) an d’CFL (49-96) konnt 2mol eng Victoire agefuer ginn.
Géint den Team Teaching, dee mat enger staerker Ekipp ugetrueden waer, an besser getraff huet, goung et trotz enger akkzeptabler Leeschtung net duer. De Match goung mat 57:75 verluer
An enger flotter Ambiance wären déi 2 Ekippen iwwer praktesch de ganzen Match ëmmer gläich op . Am „Money-Time“ hun d’Special Olympics awer dunn duerch puer ganz onerwaert Attacken eis Ekipp iwwerrumpelt an esou déi néideg Punkten fir d’Victoire geschoss. Bravo fir dëst taktescht schlaut Manöver !
No 2 Joeren Vize-Champion konnt de Club endlech rëm den Titel féieren. An sech esou no 2010 rem an de Palmarès vum Bascol Championnat androen.
Am leschten Match vun der Saison konnte mir direkt am Ufank een Ecart vun 20 Punkten rausspillen. Den Euro-Basket huet awer nie opgin, esou dat den Ecart konstant bliwwen ass. Mam Endresultat vun 56:80 konnt net nëmmen eis 11. vun 12 Victoiren an der Saison agefueren gin, mee och de Schampes opgemeet gin fir den Champion ze féieren!
Bravo un eis Ekipp, d’Coachen, d’Offiziell an den Comité!