Wichteg Victoire!

Gëschter hued eis A Ekipp 56:54 géint den aktuellen Tabellenleader Black Lions gewonn. Et waer e serréirten Match géint d’Diddelenger Gemeng, déi och verletzungsbedengt net mat der beschter Ekipp ugetrueden waeren. Des Victoire ass extrem wichteg well mir eis lo vum Tabellenenn an domadder dem Ostieg konnten distanzéiren. Weider esou!!

A corriger!!

Den Dënsden krutt eis B Ekipp eng uerdentlech Klatsche géint d’Giichtercher. Zum Schluss wär d’Differenz em déi 50 Punkten. De Géigner wär sëcherlech eng Nummer ze grouss fir eis Formatioun, mee eist schlecht Spill huet hinnen et nach méi einfach gemeet. A corriger!!

Esou kann et weidergoen !!

Yes, d’Joer hued gudd ugefangen: Mat 79 op 80 hu mir géit d’Spuerkees no enger Verlängerung gewonn. Phasenweis gouf ganz akkzeptabelen Basket gebueden an eis Ekipp huet Disziplin gewiesen. Duerch d’Verlängerung an dat knappt Resultat wär och Spannung ugesot.
Dese gewonnenen Match ass extrem wichteg well den Eurobasket och geschter gewonnen hued an mir esou nach emmer an der Abstiegszone léien. Mee wa mir déi Astellung vu gëschter och an denen nächste matcher beweisen, bléiwen mer dran!

Alles Guddes fir 2012

De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren en flott néit Joer an eng gudd Gesondheet!!

D’A-Ekipp hued och lo endlech hieren 1. Match fir des Saison gewonn!!

Kommentar vum YAM:
Haut hu mer mat der A endlech mol gewonnen an dat 64/60. Eräischt die läscht 5 Minuten vum Match konnte mer iwerhaapt mol virkommen an schlussendlech och wannen an daat geint eng schwach Ekip. Durch eis praktesch inexitent Defense hun sie hir Punkten gemaach. Mä Spill gewennt deen, deen am meeschten Punkten zum Schluss huet 🙂

WordPress Themes