Och leschten Match vun der Saison gewonn

Och den leschten Match vun der Saison géint den Eurobasket konnt eis A Ekipp mat 59-52 fannen:
Vun Ufank un hued eis Ekipp kollektive an gescheite Basket gespillt, wat eis erlaabt hued, emmer 10 Punkten vir ze sin.
Am 3 Véirel krutte mer dunn awer ee Knacks an d’Euros waere rem ganz no drun. Wéi eis jonk Borschten dunn awer an der Defense e Krack beigeluegt hun, krutten d’Eurobasketter dunn awer keng Geleenheet méi zu einfachen Schëss an mir konnten rem e klengen Ecart rausspillen.
Dem Jeff säin 5ten Feeler am leschten Véirel, als Ennzegen Lizenzéierten, waer nach neg Kéier eng Schrecksekonn, mee Gemeckers vun hierem geféierlechsten Spiller, den doropshin eng Technique a 5 Feeler krutt, hued dat ganzt rem méi equilibréirt an esou hun mir eis net méi de Botter vun der Kuscht  huele geloss.
Fazit: E gudden Match mat richtegem Asaatz an flotten Zesummenspill.
Et waer de leschte Match vun der Bascol Saison 2011-2012 an mir sin lo schlussendlech net rausgefall an dat no engem desaströsen Saisonufank (4 vu 5 Matcher verluer). Ufff!!
Duerfir e groussen Merci un all eis Spiller A & B, de Coach, eis Offiziell Chärel an Yam an all déi onbekannt déi Triko’en gewaesch hun

Wichteg Victoire fir net raus ze faalen

Gëschter hued eis A Ekipp  56-69 géint d’Schoulmechteren gewonn. Mir hatten wuel de Géigner am Ufank vill ze labber gehol an duerfir hu mer wuel am 1. an am 2. Véirel extrem schwachen Basket gespillt. Richt wéi mer an der Defense ugezu hun, konnten mer d’Blad vum Match dréinen an ab dem 3. Véirel a Féierung goen. Dest ass eng wichteg Victoire gewiecht fir dran ze bléiwen.

No 2 Verlängerungen verluer!

Gëschter hued eis B Ekipp  knapps géint d’Black Lions B no 2 Verlängerungen (!!!) verluer. Als Résumé vum Match muss een einfach soen, dass am 1. Quarter eis Trefferquote zimlech schwach wor, duerno hu mer zwar besser getraff, mais eis Défense war ze schwach fir de Match nach ze dréinen. De NORMAN ass leider an der 1. Verlängerung no 5 Feeler ausgescheed. 

Ganz knapp

Gëschter hued eis B Ekipp  knapps 60:59 géint d’Cargolux gewonn. Nodeems sech de Yam am Warm-up verletzt hat, stungen mer just nach zu 5  um Terrain. Op denen 2 Säiten ass vill lanschtgeballert gin, mee d’Cargolux had emmer e puer Punkten Avance, an dat well se eis am Rebond iwwerléen waeren. Am leschten Véirel konnte mer eis trotzdem dunn nach eng Kéier rukämpfen an mat leschter Energie d’Spill nach dréinen!

Eng schlecht Performance

Gëschter hued eis A Ekipp 55:57 géint d’Post verluer. De Match hat ganz gudd ugefangen an nom éischte Véirel waeren mir schons 22:8 vir. Wat duerno awer komm ass, waer emsou méi miserabel: Bällverloscht, eng miserabel Schossausbeut, Standbasket. D’Strof fir esou engt Spill koum dunn an der leschter Sekonn wou d’Post mam Schlusspëff nach e lëschten Kuerf ragesat hued. Alles an allem musse mir eis mat eiser Nues huelen. Leider si mer lo rem ofstiegsgefährt. Et heescht sech lo rem zesummerappen! Allez BBC Police!! 

Gudd 2. Halschent fir d’B-Ekipp

Den Dënsden hued eis B-Ekipp mat 53 op 79  géint d’EHL (Entente des Hopitaux) gewonn. Am Ufank hued et nach guer net duerno ausgesin, eis Defense waer inexistent an an der Attack sin déi liichst Bäll lanschtgeknuppt gin. Richt zum Schluss vun 2. Véirel hued de Wand ugefong ze dréinen an direkt no der Halschent hued dunn d’Ekipp uerdentlech ugefong mat dréinen dank enger aggressiverer Defense, enger besserer Reboundaerbecht an och Konterattacken: Resultat 21:6 fir eis Faerwen am 3. Véirel!! Am leschten Akt hued dunn dat weiderhin schnellt Konterspill der EHL definitiv d’Gëneck gebrach

WordPress Themes