
Am Kader vum 8ten Championnat vum USPE PoliceBasket fënnt den Qualifikatiounstournoi vum Grupp C hei zu Letzebuerg statt.
3 Ekippen kämpfen fir d’Qualifikatioun op Turin am September: Letzebuerg, Ungarn an Irland
Oflaaf:
Freides 10. Mee
9.00H Opening Ceremony
10.00H Lëtzebuerg – Ungarn
17.00H Ungarn-Irland
Samdes 11. Mee
10.00H Irland – Lëtzebuerg
12.00H Closing Ceremony
All d’Matcher sin an der ISL Haal um Geesekneppchen
Salut alleguerten,
de 4. September get et rem mam Training an der ISL lass. Opgepasst: Duerch d’Ännerung vum Schoulprogramm vun der ISL fänkt eisen Training lo emmer richt um 18.30H un!!
D’Heemmatcher spillen mer dann um 18.45H!
Leschte Freiden hatte mir e flotten Match zu Maizières-les-Metz „chez Francis“ . Mir hun eis missen schlussendlech géint déi eeler Hären geschloen gin. Chapeau un den BC Maizières!
Déi 3. Halschent ënner Form vun engem Casse-Croute, waer ganz agreabel a gaschtfrëndlech , duerfir nach eng Kéier ee grousse Merci un de Francis a seng ganz Ekipp!!
Geschter hu mer géint 68-79 géint d’belsch Policenationalekipp verluer.
Et waer en haerden Match wou mir eis gudd zreckgekämpft hun (an esou guer e Moment vir luungen!!), géint eng Ekipp déi physesch definitiv vill méi staerk waer, an och absolut fir ze wannen komm waer.
Eis Leeschtung kritt och nach méi Bedeitung well des bëlsch Ekipp dest Joer géint d’Englänner, d’Hollänner an esou guer d’Franzousen gewonn hued.
An dem Sënn nach eng Kéier Chapeau fir d’Leeschtung vu gëschter
Gëschter hu mer géint eng „operstaanen“ Formatiounen vun de Young Boys Hamm verluer. Duerch e puer Ofsoen an leschter Minutt waer eis Ekipp just nach zu 5 um Schluss. Esou dat et fir eis eeeler Hären lang 40 Minuten gouf. Trotzdem Chapeau!!
Och e groussen Merci un eis 2 Arbitter aus der EP!!