E t war eng virgezuen Partie weinst Turin an domadden och eisen 1. Championatsmatch geint Spuerkees A.
Mir hun eis dach eppes schweier gedoen fir dësen Match mat 54-44 ze wannen. Den 1. Véirel sin mer net richtech ukomm an et huet een sech gewonnert dat mir dach vun Ufank un vir waren. Durch den ganzen Match waren eis Distanzschess net maximal erfollechräich an nodem am 2. Véirel den Kampfgeescht an Jongen geroden war, as Spill besser gelaaf, obschon mir oft defensiv net opgepasst hun an eis net allzegroussen Firsprong bedrohlech geschrumpft as.
Am leschten Véirel huet Zesummenspill dun geklappt an mir konnten den 10 Punktenvirsprong bis zum Schluss haalen.
Yam
Am vergangenen Juli hued eis Ekipp et schons fir d’zweet faerdeg bruecht, sech fir den Endtournoi am europäeschen Policebasket duerchzesetzen.
Duerfir get et elo Enn September op Turin, wou folgend Géigner op eis waerden


Fir de BBC Police hued d’Rentrée och rem ugefangen.
Trainingszäiten sin rem wéi gewinnt Dënsdes vu 18.30H bis 20.30H Auer ( ausser de Schoulvakanzen) an der Sportshaal vun der International School Luxembourg.
De 7.7 hu mir op der Journée de la Police zu Réimech (& Braderie & schéint Wieder) e Gedrenksstand op der Esplanade. Dir sidd all wëllkomm e Patt drenken ze kommen!


An dem 2. Match hun eis Faarwen eng gudd Leschtung gebueden a konnten no der Halschent lues a lues e Virsprong obbauen. D’Irlänner hatten dem, trotz Kampfgeescht, net méi vill entgéint ze setzen, esou dat d’Victoire mat 57:46 ganz an d’Réi geht.
Lo sin d’Dieren op fir um Final Round Ufanks Oktober zu Turin deelzehuelen!!

Den éischte Match hun d’lëtzebuerger Faarwen opgrond vun enger enttäuschender Leeschtung géint Ungarn verluer. Zevill Ballverloschter an net genug Genauegkeet an der Offensiv hun schlussendlech eng Victoire kascht géint e Géigner, den duerchaus ze klappen waer!!
Um 17:00H hued dunn Ungarn d’Irlänner zimlech däitlech mat 76:55 geklappt. Hungary – Ireland 76:55