Duerch Verletzungspech an Ofsoen an leschter Minutt krutte mer knapps eng Ekipp zesummen. Sougesin ass dat Resultat an der Réi, besonnesch well eis Spiller trotz dem dauernden Drock vun de Lions vun Ufank bis zum Schluss vum Match weider gekämpft hun.
Wann den Ekippengeescht vun desem Match an déi naechst Matcher matgehol get an mir rem eng komplett Ekipp kënnen opsetzen, da gesäit et nach guer net esou schlecht fir d’Suite vun der Saison aus!
Ab muer Dënsden 18.30H rem wéi gewinnt all Dënsden Training an der ISL. 
Éischte Bascolmatch ass dann den 2.10 zu Diddeleng géint d’Black Lions.

D’Haal ass bis Ufanks September zou!
De BBC Police wënscht Iech all eng flott an erhuelsam Vakanz !!

Trainingszäiten:
Opgepasst, d’ISL hued eis matgedeelt dat d’Haal op folgenden Datumer zou ass:
4-20 Abrëll 2014
26 Abrëll – 3 Juni 2014
Op deene Datumer ass also keen Training an der ISL!

De leschte Match vun der Saison ass mat 84: 66 géint d’Post verluer gangen, déi nach Titelambitiounen hatten.
D’Bascolsaison ass elo riwwer an eis Ekipp klasséiert sech als 4. vu 6 Ekippen mat 4 vun 10 gewonnenen Matcher.
BASCOL Champion 2013/14 sinn d’Team Teaching an dat punktgläich mat der Post. No der Coupe hunn si sech dann elo och konnten am Championnat den Titel huelen an feieren dann hiren 1. Doublé am BASCOL. Gratulatioun

Mir haaten en Effektiv wéi nach nie an deser Saison, waat einfach weist, dass d’Equip wannen wollt mam Ziel an der 1. Divisioun ze bleiwen.Mir sin mat Vollgaas an den Match gaangen, haaten awer erem zeitweis net déi néideg Reussite mat eisen Schess. Mir louchen vun Ufank un emmer em 3-5 Punkten fir, an dank enger zeitweis super Défense hun mir desen Ecart och haalen koennen an zum Schluss op 10 Pkt ausbauen. Mir hun verdéngt gewonn. D’Schlussresultat waar 76 – 66.