
D’Black Lions, als ongeschloenem Tabelleleader, sin als Favorit an dëse Match gangen. An vu que dat eis Ekipp nëmmen vereenzelt gudd Spillzich Opweises had, konnt um Schluss keng Victoire raussprangen. Allez Jongen, Kapp héich, et gëllt déi naechst Matcher déi ganz wichteg sin, ze gewannen!
De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren schéi Féierdeeg
an ee gudde Rutsch an d’néit Joer !!
Mir waaren motive’ert, sin allerdéngs net gud an den Match erakomm , hun eis awer dunn dru gin a konnten no 10 Minuten bal erem opschléissen. Mee wéi eis Lay-Up’en zum gréissten Deel net eran goungen a mir eis eng Rei vun Feelpassen erlaabt hun, hun déi ‚aal Huesen‘ vun Schoulmeeschteren kloren Kapp behaal an den Ecart gemach. Mir hun et einfach net méi gepackt bei ze kommen.
Géint eng Ekipp vun der Post déi mat 5 Mann ugetrueden waer, hu mir eis ganz ganz schlecht ugeluegt, esou dat et de Match zum Schluss mat 82:53 verluer gin ass!!
Gëschter hued eis Ekipp seng 1. Victoire am laafenden BASCOL Championnat géint d’Luxballers konnten afueren. Um Schluss stung et 72-57 no enger akkzeptabler Lëschtung fir eis Faarwen. Dest hued et eis och erlaabt eis vum Tabellewupp ze léisen. Weider esou!