Opgepasst ! Nei Trainingszäiten

Ab elo, September 2015, ass Dënsdes den Training vu 19.00H bis 21.00H.

 

Ab dem 8. September get et lass, wéi gewinnt an der Haal vun der ISL.

Frendschaftsmatch géint Maizières-les-Metz 78:73

Nodeems mir virun 2 Joer op Maizières-Les-Metz op e Frendschaftsmatch invitéiert gi wären, wou mir duerno och nach all zesummen e ganz flotten Owend verbruecht haaten, konnte mir endlech eis Frënn vun Maizières op e Match op Lëtzebuerg invitéieren!

Et waar en flotten Match, wou déi ‘aal Huesen’ vun Maizières mat engem einfachen, iwerluechtem, passräichen Spill den Altersenerscheed zu eis clever ze meeschteren woussten. Et as emmer eng besonnesch Erfahrung wann een op den Terrain geet, wou een ‚aal Hären‘ geseit sech waarm maachen, an wou een sech dann seet : Oh daat get locker……..! Vun weegen et d’Resultat weist et.  Maizières huet  vum Opbau hir een „Scolairesbasket“ gespillt, huet et faerdeg bruecht durch schnell Ronderempassen een frei ze kre’en, deen dann och nach sein Drei’er erangeschoss huet, am Rebond hun sie neischt aaneschtes gemaat wéi ausgeblokt, an sie hun gewisen waat Bëss as.

Mir sin duerno zesummen eppes Iessen gaangen, an haaten net nemmen en spillereschen mais och en frendschaftlech angenehmen Owend, kurz en flotten Ofschloss vun eiser Basketsaison! Spezielle Merci och un eise Francis „National“ !!

DSC_0238

 

Bascol Championnat ass faerdeg

Bascol mit Text  De leschte Match géint d’Teachers ass zwar Forfait gewonn gin, mee hued awer näicht méi dru konnen änneren, dat mir d’nächst Saison dann eng Divisioun méi déif untrieden. Iwwer d’ganz Saison gekuckt, waere mir net staerk genug an hatten et och duerch Aerbechtszäiten a Verletzungen schwéier fir eng kompetitiv Ekipp opzesëtzen. Esou get den Ofstieg an d’Réi. Félicitatioune och nach un de Champion Black Lions!

Géint d’Post mat 66:78 verluer

Bascol mit Text  Opwuel verluer, waer et e positive Match wat den Asatz ugeht.  Leider waere nemme  6 Spiller präsent. Bis zur Halschent waaren mir nach vir!  Dunn hued awer d’Postequipe uerdentlech  Drock gemeet huet, an eise Spiller ass ouni Wiesselméiglechkeeten d’Loft ausgaang. Mir hun 8 Pkt geworf an sie 26. Trotzdem, den Asaatz hued gestemmt an esou waert eng gudd Leeschtung!

Ofstieg ass lo besiegelt !

Bascol mit Text D’Défaite 58-52 géint d’Luxballers hued de Ofstieg lo definitiv gemeet. Mat nemmen 1 Victoire aus bislo 7 Matcher muss en agesin, dat eis Ekipp dest Joer net den Niveau méi hat fir an der iewechter Bascol Divisioun mat ze haalen.  Verletzungspech an Schichte schaffen hun zudem beigedroen, dat mir des Saison nemmen rar mat der Beschtbesetzung konnten untrieden.

Batter Nidderlag géint d’Spuerkees!

Bascol mit Text Géint d’Spuerkees gouf et eng schmerzhaft 73:42 Défaite. Des Nidderlag ass emsou méi batter, well mir durch eng Victoire rem uerdentlech Kaerten an der Hand gehat hätten fir an der 1. Divisioun ze bléiwen. Wëll d’Luxballers och lo nach d’Schoulmeschteren op 2 Punkten geklappt hun, get et elo ganz enk fir eis an der „Primera Division“.

WordPress Themes