Och leschten Match vun der Saison gewonn

Och den leschten Match vun der Saison géint den Eurobasket konnt eis A Ekipp mat 59-52 fannen:
Vun Ufank un hued eis Ekipp kollektive an gescheite Basket gespillt, wat eis erlaabt hued, emmer 10 Punkten vir ze sin.
Am 3 Véirel krutte mer dunn awer ee Knacks an d’Euros waere rem ganz no drun. Wéi eis jonk Borschten dunn awer an der Defense e Krack beigeluegt hun, krutten d’Eurobasketter dunn awer keng Geleenheet méi zu einfachen Schëss an mir konnten rem e klengen Ecart rausspillen.
Dem Jeff säin 5ten Feeler am leschten Véirel, als Ennzegen Lizenzéierten, waer nach neg Kéier eng Schrecksekonn, mee Gemeckers vun hierem geféierlechsten Spiller, den doropshin eng Technique a 5 Feeler krutt, hued dat ganzt rem méi equilibréirt an esou hun mir eis net méi de Botter vun der Kuscht  huele geloss.
Fazit: E gudden Match mat richtegem Asaatz an flotten Zesummenspill.
Et waer de leschte Match vun der Bascol Saison 2011-2012 an mir sin lo schlussendlech net rausgefall an dat no engem desaströsen Saisonufank (4 vu 5 Matcher verluer). Ufff!!
Duerfir e groussen Merci un all eis Spiller A & B, de Coach, eis Offiziell Chärel an Yam an all déi onbekannt déi Triko’en gewaesch hun

WordPress Themes