Knapp Victoire géint d’Lux-Ballers katapultéiert eis rem op 2. Tabelleplatz!
Déi 1. Halschent waer ganz agréabel unzekucken. Eis Ekipp hued mat flottem Passespill einfach Kierf konne schéissen an dunn schnell een Écart rausgespillt. No der Paus ass dunn awer d’Linn komplett verlueren gang, vill Ballverloscht, desastréis Trefferquote vu baussen a vill onnëtz Fehler. Esou ass de Véirel op 12 Punkte verluer gangen an d’Lux-Ballers wären rem drun. De leschte Véire waer du ganz serréiert an mir waeren just emmer tëschent engem an 3 Punkten vir. D’Lux-Ballers hun zum Schluss keng Nerven behal an verzweifelt Schëss gehol, esou dat mir den Écart konnte sëcheren. Endresultat 62:59
Dank dëser Victoire si mer lo rem Tabellenzweeten hannert der CFL.