A nach eng Kéier eemol verluer an eemol gewonn!
De Match géint den Tabelleleader Black Lions ass mat 5 Punkten knapps verluer gaangen. Eis Equipe luch nach an der Halschent vir, mee een Durchhänger am 3. Véirel wär letztendlech fatal.
Am Match géint den Tabellenzweeten Luxballers hued eis Equipe sech awer zreckkaaf, och wann d’Prestatioun op denen 2 Saïten a punkto Spilleffizienz alles anescht wéi eng Reklam fir de Basket wär. Mir wären vun Ufank un an Féierung an hun et déi ganz Partie faerdeg bruecht, manner schlecht wéi de Géigner ze spillen.
D’Hinronn ass lo faerdeg an de BBC Police ass aktuell op der erfreelecher 2. Platz an der Tabell. Dëst huet dann och esou richteg op eisem X-mas Dinner zur Stëmmung gepasst.
Vu que dat lo bis an de Januar Paus ass, profitéiert de BBC Police nach vun der Gelëenheet all sengen Supporteren schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch an d’néit Joer ze wënschen !!





