Hinronn gepackt an un der Tabellenspëtzt

Bascol mit Text   An engem spannenden Match den an dene leschte Sekonnen  entscheed gouf, wannen mir op 1 Punkt mat 56-57 geint Brown B. Harriman

Am ¼ hun mir mat enger gudder kollektiver Defense an engem rouëgen Ugreffspill ee klengen Punktenpolster geschaaf den sech awer am 2. an 3./4 kontinueierlech reduzeiert huet. Mir hun eis do vun der Nervositeit vum Geijener ustiechen geloss an hun deelweis oniwerluecht an der Attack vill ze schnell oni Erfollech ofgeschloss an och sos net mei vil getraff. Och hun mir eis am Ufank vum 4/4 weidder schweier gedoen an Titans konnten um Score virleen an koumen esouguer vir.

An den Schlussminuten vum Match as et dun hin an hir gaang an op den 2 Säiten hun sech schnell an flott Aktionen ofgewieselt woubäi den Punktenstand emer nemen 1 bis 2 Punkten Ennerscheed war. 8 Sekonnen virun Schluss stung et gläich an Titans setzen 1 vun 2 decisiven Fräiwörf laanscht an mir konnten mat 1 Konter den Saak definitiv zou machen an wannen mat 1 Punkt Ennerscheed!

WordPress Themes