Gudd 2. Halschent fir d’B-Ekipp
Den Dënsden hued eis B-Ekipp mat 53 op 79 géint d’EHL (Entente des Hopitaux) gewonn. Am Ufank hued et nach guer net duerno ausgesin, eis Defense waer inexistent an an der Attack sin déi liichst Bäll lanschtgeknuppt gin. Richt zum Schluss vun 2. Véirel hued de Wand ugefong ze dréinen an direkt no der Halschent hued dunn d’Ekipp uerdentlech ugefong mat dréinen dank enger aggressiverer Defense, enger besserer Reboundaerbecht an och Konterattacken: Resultat 21:6 fir eis Faerwen am 3. Véirel!! Am leschten Akt hued dunn dat weiderhin schnellt Konterspill der EHL definitiv d’Gëneck gebrach




