Esou kann et weidergoen !!
Yes, d’Joer hued gudd ugefangen: Mat 79 op 80 hu mir géit d’Spuerkees no enger Verlängerung gewonn. Phasenweis gouf ganz akkzeptabelen Basket gebueden an eis Ekipp huet Disziplin gewiesen. Duerch d’Verlängerung an dat knappt Resultat wär och Spannung ugesot.
Dese gewonnenen Match ass extrem wichteg well den Eurobasket och geschter gewonnen hued an mir esou nach emmer an der Abstiegszone léien. Mee wa mir déi Astellung vu gëschter och an denen nächste matcher beweisen, bléiwen mer dran!




