Ab 2016 gëtt et den BASCOL lo schons 50 Joer. 50 Joer Basket am Kader vun der Arbecht, mat vill Schwees, Gedribbels, Gelachs & Gekecks, heiansdo och Gejaïz, vill „Agecremes“ mat allerei Salben fir déi net méi sou ganz jonk Muskelen an awer och ganz ville flotten 3. Halschenten.
De BBC Police wënscht de BASCOL Organisateuren, vun dene vum Ufank bis hin zu denen, déi sech haut bénévole asetzen, alles GUDDES an seet hinnen och Merci fir hiert Engagement!!
An dem Kontext hued de BASCOL och een neien Logo kritt, deen mir mat Freed op eiser Säit fir d’BASCOL Aktivitiéiten benotzen

De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren schéi Féierdeeg
an ee gudde Rutsch an d’néit Joer !!

An engem spannenden Match den an dene leschte Sekonnen entscheed gouf, wannen mir op 1 Punkt mat 56-57 geint Brown B. Harriman
Am ¼ hun mir mat enger gudder kollektiver Defense an engem rouëgen Ugreffspill ee klengen Punktenpolster geschaaf den sech awer am 2. an 3./4 kontinueierlech reduzeiert huet. Mir hun eis do vun der Nervositeit vum Geijener ustiechen geloss an hun deelweis oniwerluecht an der Attack vill ze schnell oni Erfollech ofgeschloss an och sos net mei vil getraff. Och hun mir eis am Ufank vum 4/4 weidder schweier gedoen an Titans konnten um Score virleen an koumen esouguer vir.
An den Schlussminuten vum Match as et dun hin an hir gaang an op den 2 Säiten hun sech schnell an flott Aktionen ofgewieselt woubäi den Punktenstand emer nemen 1 bis 2 Punkten Ennerscheed war. 8 Sekonnen virun Schluss stung et gläich an Titans setzen 1 vun 2 decisiven Fräiwörf laanscht an mir konnten mat 1 Konter den Saak definitiv zou machen an wannen mat 1 Punkt Ennerscheed!
No engem ganz laboriéisen Ufank (8:8 nom 1. Véierel !!) ass dun awer de Knued geplatzt an et konnt eng locker Victoire agefuer gin. Endresultat 32-73
No der liichter Victoire géint Deloitte vu virun 2 Wochen (78:35) konnt gëschter och de Match géint d’BIE mat 65:54 gewonne gin.
Déi néi Bascol Saison ass agelaut!
An der 2. Divisioun gouf et géint de BBC BIL A direkt e schwéire Match, deen awer knapp gewonn konnt gin.
Besonnesch gefall hued, dass mir als Equipe gespillt hun a bis zum Schluss gekämpft hun. De Coach hued niewt dem TEAM-Geescht ooch Kollegialitéit, Bess, Stolz an dat net Opgin geluewt. Weider esou!