Category: Neiegkeeten

Näicht ze huelen géint d’Black Lions

  D’Lions waeren, am Géigensatz zu eis, vun Ufank un gutt am Match an hun och vu baussen gudd getraff.  Mir krutten si defensiv och net besser an de Grëff esou dat et schons zum Schluss vum 1. Véirel 25:11 stung. Am 2. Véirel had een kurzzäiteg d’Impressioun dat eis Ekipp kéint zréckkommen, mee dëst waer nemmen ee Stréifeier. Letztendlech sin mir weiderhin dem Retard nogelaf a konnten d’Rudder nie ëmgeheien. Endresultat: 79:60 fir d’Lions.

53-70 géint den Team Teaching verluer

  Nëmme mat 6 Spiller konnten  mir géint d’Schoulmeeschteren untrieden. Ons stark deziméiert Ekipp ass ni esou richteg an de Match komm an esou waer géint déi routinéiert Ekipp vun den Teachers letztendlech net vill ze machen.

Op 4 géint d’CFL verluer

 Géint d’CFL gouf et déi éischt Défaite mat 44 op 48. Bis zur Halschent waer et nach gläich, mee dunn hued eis Ekipp sech een schrëcklechen 3. Véirel gelescht (6-16). Eis Faerwen sin am leschte Véirel nach eng Kéier op ee Punkt rukomm an hunn misse Fehler machen fir an den Ballbesëtz ze kommen. D’CFL hued sech awer dovunner net beieren geloss an de Match fir sech entscheed.

Méiséileg Victoire géint d’Post 50:54

   D’Bascolsaison 2017 ass mat engem Auswärtsspill bei der Post um Stadion agelaut ginn.

Déi 2 Ëkippe waeren alle béid net an Beschtbestzung ugetrueden. Am éischte Véiere ass d’Spill nach relativ gudd fir eis Säite gelaf (13:22) . Am 2. Véirel waer dunn bei deenen 2 Ekippen grujeleg de Rimm rof (8:7).

Dëst ass dunn d’selwecht no der Halschent fir eis Ekipp weidergang, während d’Post du rem an de Match koum. Ufanks lëschte Véire waer d’Post du rem 2 Punkte fir (42:40) . Den Ecart teschent deenen 2 Ekippen blouf an der Suite knapp. E puer gudd Aktiounen zum Schluss vum Match vum BBC Police hun dunn d’Entscheedung bruecht an et konnt eng Victoire, wann och eng ganz beschwéierlech, kasséiert ginn.

N.B.: De Match vum 17.10 géint d’Schoulmeeschteren ass wéinst engem nationalen Training op den 14.11 reportéiert ginn.

5. bescht Ekipp am europäeschen Policebasket !!

USPE_LOGOD’letzebuerger Police ass lo déi 5.bescht Basketsekipp am europäeschen Policebasketschampionnat! Du jamais vu!

Logo_Basketball_men_2017 1     Griechenland

(click to enlarge)

Um Final Round Tournoi zu Athen Enn September konnt eis Ekipp géint déi méi héich gehandelt Islänner mat 70-60 gewannen an esou em déi 5. Platz spillen.

5

(click to enlarge)

Do goung et dunn géint Ungarn an do hun eis Spiller nach ee weideren Exploit faerdeg bruecht. De Match konnt mat 78-69 gewonne ginn. Chapeau!!!

IMG_1080

(click to enlarge)

Weider Informatiounen & Photoen zu dësem Tournoi fann dir hei

Top Leeschtung: Lëtzebuerger Police gewënnt den Qualifikatiounstournoi!!

USPE_LOGOAm éischten Match géint d’Italiener hued et nach am Ufang net esou ausgesin. Eis Ekipp luch nom 1. Véirel  mat 15-17 hannen. Duerno ass enner dem Impuls vun Picco, Gutenkauf an Bofferding de Knuet awer esou richteg geplatzt an dëse Véirel gung mat 30:12 un eis Faerwen. D’Italiener hatten deem och déi nächste Véirel néicht méi entgéint ze sëtzen an esou hued Lëtzebuerg dëse Match mat 86: 54 gewonn.

 

Am Match tëschent Italien an UK wär een gespannt op d’Prestatioun vun den englësche Kollegen. D’Englänner sinn mat enger physesch ganz stabiler Ekipp ugetrueden. Et ass vun Ufank un vum Match hin an hier gangen an keng vun deenen 2 Ekippen konnt sech richteg ofsëtzen. D’Italiener hun et vir un allem duerch Schëss aus der Distanz faerdeg bruecht, emmer een klenge Virsprong ze erhaalen. Et blouf spannend bis zum Schluss, mee entgéint den Erwaerdungen hunn d’Italiener d’Uewerhand mat 75:67 behaal an si hunn des Victoire frenetesch gefeiert.

 

Am Match Lëtzebuerg / UK de folgenden Dag wär een gespannt op d’Reaktioun vun eise Frënn vun der Insel. Duerch schnellt Spill an eng gudd Worfquote konnt den 1. Véirel mat enger Avance vun 20:7 gewonn ginn. Duerno hunn d’Englänner dogéint gehal an hiert Spill virun allem ënnert d’Kierf verlagert, wou si eiser Ekipp physesch iwwerleen wären. Sou hatten Bissener, Ney an Aust genuch ze dinn fir am Rebond bestoën ze bléiwen. All Kéiers wann d’Englänner rukomm sinn, konnt eis Ekipp mat Distanzwërf  hieren Elan briechen an esou stung et zum Schluss 65:45 fir d’lëtzebuerger Police.

 

Eis Ekipp gët 1. vun dësem Tournoi an ass och lo fir de Final Round am September zu Athen qualifizéiert. Chapeau fir dës aussergewéinlech Performance!

IMG_2087

(click to enlarge)

 

Weider Informatiounen zu dësem Tournoi fann dir hei an weider Photoen fann dir hei

WordPress Themes