
Déi 2. Défaite vun der Saison gouf et géint d’Post. Et waer zimlech haerd, an d’Equip vun den POST wär op allen Positiounen gudd besat, souwuel mat Shooteren vu baussen wéi mat Pivo’en. De BBC Police hued dogéint gehaal esou gudd et goung, mais mir hun eis Défense physesch net haalen kënnen.
Mir mussen et faerdeg brengen an der Réckronn eng Baenk vun 10 Spiller ze hun, dass mir méi wiesselen an entlaaschten kënnen an esou besser dogéint haalen.

Eigentlech e schwaache Match, wou mir eis net richteg font hun. Esou waer et dann och mat Momenter e besse phlegmatesch, mee um Ënn stung et awer 62:47 fir eis Faerwen.

Duerch Schichten an Arbechtsplängwiessel an leschter Minutt hatte mer Schwieregkeeten iwwerhaapt eng Ekipp zesummen ze kréien. Och eis Ufro fir de Match kënnen ze verléen gouf vu Saïten vun de Black Lions net akkzeptéiert. Esou si mir mat enger staerk deziméierter Ekipp ugetrueden an hun logescherweis mat 72:41 héich verluer.

… mat der Schlussirene 56-57 gewonn. Teamteachers, eng vun den beschten Ekipen aus der Bascol, sin des Keier erem mat hirer gewinnt staarker Ekip ugetrueden an hun eis vun Ufank un näischt geschenkt.
Et war e kämpferesch ganz staarken an flotten Match an daat op denen 2 Säiten. Ugangs sin se eis durch Zone spazeiert an hun einfach Punkten önnert dem Kuef geschoss. Mä den Ecart war just eng Keier 6 Punkten, sos waren se den ganzen Mätch emmer nemmen 1 oder 2 Punkten vir an et stung och souguer puer mol gläich. Mir konnten mat engem Punkt kurz Feierung zum Schluss vum 2. Véirel iwerhuelen, mä net fir all ze laang.
Den 3. Véirel waren et op denen 2 Säiten net vil Punkten mä an der Defense as stramm gemauert gin. Obschon bei eis oft den3. Véirel mei hektesch verleeft, huet e gesin, dat Spill roueg gelaaf as, an durch e ganz gudden Kollektiv sin eng ganz Partie wonnerschein Spillzich eraus koumen. Et as wirklech haart gekämpft gin an jidderen huet säin Maximum gin. Och hun eis Neizougäng, den Pol Bartholmy an den Arnaud Collard genau sou wie die aal Huesen hun sech besonnech an der Defense super erfir gedoen an den Teachers Liewen ennert dem Kuef richtech sauer gemaach.
1 Min 30 viru Schluss lungen mir endlech mat 3 Punkten vir an 7 Sekonnen virum Enn schon erem 1 Punkt hannen. Die läscht 3 Sekonnen vum Match war Spannung kaum nach auszehaalen an mir waren am Ballbesetz. Den Claude Weirich huet dun den Saak definitf zou gemaach an mat sengem läschten Kuerf an döser Partie wannen mir op 1 Punkt. E wonnerbaren Mätch an 1 super Leeschtung vun eiser Ekipp!!
Yam

Léider waer zum Schluss vum Tournoi d’Konditioun bei eiser Ekipp um Enn esou dat de Match em déi 5./6. Platz géint Ungarn mat 81-46 verluer gang ass. Trotzdem hued de BBC Police sch gudd verkaaft a konnt sech als 6-bescht Ekipp vum Policebasket an Europa an de Palmarès vun der USPE androen!
Hei de Schlussklassement




Geschter Owend hued eis Ekipp eng uerdentlech Iwwerraschung faerdeg bruecht. Si hun déi méi staerk Fransouzen dank enger gudder spillerescher Leschtung mat 75 -79 konnte bezwengen. Des Victoire erlaabt hinnen elo em déi 5/6 Platz géint Ungarn ze spillen. Bravo!
Weider Infoen a Fotoen hei http://aspmi7epcbasket-torino2013.com/?page_id=141&lang=en


