Wichteg Victoire géint d’Brown Brothers !

Bascol Logo

Mir haaten en Effektiv wéi nach nie an deser Saison, waat einfach weist, dass d’Equip  wannen wollt mam Ziel an der 1. Divisioun ze bleiwen.Mir sin mat Vollgaas an den Match gaangen, haaten awer erem zeitweis net déi néideg Reussite mat eisen Schess. Mir louchen vun Ufank un emmer em 3-5 Punkten fir, an dank enger zeitweis super Défense hun mir desen Ecart och haalen koennen an zum Schluss op 10 Pkt ausbauen. Mir hun verdéngt gewonn. D’Schlussresultat waar 76 – 66.

Bascol’scoupe 23. Februar 2014

Coupe as ausgedro’en gin zu Oberanven an der Haal vum Team Teaching. Ugemellt waaren 9 Equipen déi an drei Poulen opgedeelt waaren. D’Coupe waar gud organise’ert an waar en  flotten Turne’er. Matcher sin ‚net Zeit gestoppt‘ gin an hun 2×7 Minuten gedauert. Mir sin bis and‘ Halleffinal koum wou mir géint Team Teaching  verluer hun. Eis Ekipp hued en schéinen kollektiven Basket gespillt waat eis als Equip vil bruecht huet!

59:66 géint d’Black Lions verluer !!

Bascol Logo

Och géint d’Black Lions gouf et eng Défaite, lo schons déi 3. Néierlag am 3. Match vun der Rëckronn!

Duerch  aerbechtsbedengt Ofso’en am leschten Moment  sin mir wéi esou oft e besschen ‚Geschlo’en‘ an deen Match eragaangen. Absolut schued well d‘Kraaft an den Welen waren do! Mir hun den 1. an den 2. Quater un eis gezweifelt an louchen dun an der Halschent 25 Pkt zréck et stung 21- 44. Déi 2. Halschent waaren mir erem do, mir hun einfachen an kollektiven Basket gespillt, eis Distanzwörf goungen eran, jeh et waar en super Spill, wou mir eis erungekaempft hun bis  op 59-61 an dun an der leschter Minut verluer op 59-66 hun.

Allez Jongen, naechste Match geht et besser!!

Net duer gang géint d’Teachers

Bascol Logo

Eisen Match géint d’Teachers ass mat 78 op 70 verluer gang. Trotzdem waer et kee schlechte Match: d’Ekipp hued sech bis zum Schluss dru gin an zu zu kengem Moment opgin. Leider zielt net nemmen kaempfen mais och d’Kierf! Mir haaten virun allem erem eisen  3 Quater wou mer  keen Erfolleg mat eisen Schess (ennert dem Kuerf esou gud wéi aus der Distanz) hatten . Daat huet eben daat Fortzéihen vun den Teacheren erklärt, mir hun net getraff an sie hun eis praktesch all Ke’ers een dogéint gesaat an dun waaren se 20 Pkt fort.

79-51 géint d’Spuerkees verluer

Bascol Logo

D’Spuerkees koum mat eng staarker Garnitur op den Terrain. Mir hun bis an d’Halschent gekaempft, gudd getraff an gelaaf do wou et riicht waar. Esou stung et  an der Paus 35-34 fir Spuerkees. Deen 3. Quater huet eis komplett aus der Bunn bruecht, mir hun eist Spill net fonnt an d’Spuerkees huet eis Situatioun direkt erkannt an uerdentlech Drock gemaach, esou dass mir ze vill nervös goufen, ze vill hasseleg an onpräzis opgeworf an dunn neischt zu staanen bruecht hun. Mir hun am 3. Quater 1 Kuerf geschoss wou géint Spuerkeess  eis 16 Pkt geheit huet. Den Zuch waar fort an esou hued d’Spuerkees verdengt gewonn.

Schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch an d’néit Joer !!

De BBC POLICE wënscht all sengen Supporteren

schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch an d’néit Joer !!

 

BBC Police Wensch 2014

WordPress Themes