Et geet erem lass!!
Ab des Woch rem wéi gewinnt Dënsdes Training um 19.00H an der ISL (ausser de Schoulvakanzen an den Bascolmätcher)
Éischte Bascolmatch ass den 26.9 um Houwald géint d’Spuerkees.
2017 ass dann och rem den USPE Tournoi mat Qualifikatiounsmatcher zu Lëtzebuerg géint eis italienesch an englesch Kollegen.
End of BASCOL Season
Nodeems och de leschte Matchvun der Saison géint Brown B Harriman op 30 Punkte gewonn gin ass, wär eigentlech d’Bascol Saison faerdeg.
Den Tribunal Fédéral hued awer nodréiglech beschloss, dat den Match géint d’EIB, deen hat missen ofgebrach gin, mat deene selweschte Spiller misst néi gespillt fin. Dat ass dun och den 9 Mee geschidd, an de Match ass 61:48 verluer gangen, an dat wéinst enger zimlech schlechter Prestatioun vun eiser Ekipp. Bléiwt just nach ofzewaerden, op dëse Match och validéiert get, well bei der EIB nach aner Spiller matgespillt hun.
Sou oder sou ännert et néicht drun, dat de BBC Police d’naechst Joer rem an déi iewecht Bascol Divisioun opstéigt!
Report Retourmatcher 2-4 an Opstieg!
D’Rëckronn hued sech e besse kurios gestallt. De Match géint Deloitte gouf Forfait gewonn, well si nëmmen 3 Spiller op den Terrain bruecht hun.
De Match géint d’BIE gouf och Forfait gewonn, well hieren Trainer sech no Faute Techniquen de Batti gestallt hued. Hie wollt net aus der Haal raus, an duerfir hun d’Arbitteren de Match ofgebrach.
Géint den Eurobasket A hued eis Ekipp sech ganz schwéier gedoen. Virum leschte Véirel wäre mir nach 10 Punkte hanne, konnten awer duerch een Endspurt mat 61:60 wannen.
Resultat des Courses: Mir hun virum leschte Spilldaeg 2 Punkten Avance op den 2ten an sin esou secher opgestiegen!
Retour Ronn fänkt gudd un
Deen éischte Match an der Retour Ronn konnt mat 66 op 50 géint d’BIL gewonne gin. Et wär allerdings kee Match op héichem Niveau,mee duerch verschidden gudd kollektiv Aktiounen konnte fir eis entscheed gin.









