De BBC Police schléisst d’Bascol-Saison 2016/2017 als Vize-champion of!
Géint d’Post wär et nach 55:60 Défaite ginn. D’CFL konnt kee grousse Widerstand leeschten an esou gouf deen Match mat 37:64 gewonn.
Am Match géint de géint de spéidere Champion Black Lions hued eis Ekipp eng Top-Leeschtung bruecht an esou konnt dee Match mat engem Ennerscheed vun 30 Punkte gewonn ginn (72:42)!
Den allerleschte Match vun dëser Saison gouf Forfait géint d’Luxballers gewonn.
Fazit: Eng propper Leeschtung vun eiser Ekipp, déi sech als Opsteiger déi 2. Platz konnt sëcheren. Bravo!
De Match géint den Tabelleleader Black Lions ass mat 5 Punkten knapps verluer gaangen. Eis Equipe luch nach an der Halschent vir, mee een Durchhänger am 3. Véirel wär letztendlech fatal.
Am Match géint den Tabellenzweeten Luxballers hued eis Equipe sech awer zreckkaaf, och wann d’Prestatioun op denen 2 Saïten a punkto Spilleffizienz alles anescht wéi eng Reklam fir de Basket wär. Mir wären vun Ufank un an Féierung an hun et déi ganz Partie faerdeg bruecht, manner schlecht wéi de Géigner ze spillen.
D’Hinronn ass lo faerdeg an de BBC Police ass aktuell op der erfreelecher 2. Platz an der Tabell. Dëst huet dann och esou richteg op eisem X-mas Dinner zur Stëmmung gepasst.
Vu que dat lo bis an de Januar Paus ass, profitéiert de BBC Police nach vun der Gelëenheet all sengen Supporteren schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch an d’néit Joer ze wënschen !!
Géint d’Post auswärts wär keen Kraut gewues (78-48), d’autant plus dat mir net an der Beschtbesetzung untriede konnten.
Am Match géint den aktuellen Tabellelëschten CFL gëschter hued eis Ekipp ganz schwach ugefangen. No enger taktescher Emstellung koumen eis Faarwen dunn awer esou richteg an d’Rullen an konnt esou dank engem 24-7 am 3. Véirel de Match komplett dréinen.
Endresultat 68:54 fir de BBC Police. Esou konnt et dann och gemitlech an déi verdëngten 3. Halschent goen.