Méiséileg Victoire géint d’Post 50:54
D’Bascolsaison 2017 ass mat engem Auswärtsspill bei der Post um Stadion agelaut ginn.
Déi 2 Ëkippe waeren alle béid net an Beschtbestzung ugetrueden. Am éischte Véiere ass d’Spill nach relativ gudd fir eis Säite gelaf (13:22) . Am 2. Véirel waer dunn bei deenen 2 Ekippen grujeleg de Rimm rof (8:7).
Dëst ass dunn d’selwecht no der Halschent fir eis Ekipp weidergang, während d’Post du rem an de Match koum. Ufanks lëschte Véire waer d’Post du rem 2 Punkte fir (42:40) . Den Ecart teschent deenen 2 Ekippen blouf an der Suite knapp. E puer gudd Aktiounen zum Schluss vum Match vum BBC Police hun dunn d’Entscheedung bruecht an et konnt eng Victoire, wann och eng ganz beschwéierlech, kasséiert ginn.
N.B.: De Match vum 17.10 géint d’Schoulmeeschteren ass wéinst engem nationalen Training op den 14.11 reportéiert ginn.




