Top Leeschtung: Lëtzebuerger Police gewënnt den Qualifikatiounstournoi!!
Am éischten Match géint d’Italiener hued et nach am Ufang net esou ausgesin. Eis Ekipp luch nom 1. Véirel mat 15-17 hannen. Duerno ass enner dem Impuls vun Picco, Gutenkauf an Bofferding de Knuet awer esou richteg geplatzt an dëse Véirel gung mat 30:12 un eis Faerwen. D’Italiener hatten deem och déi nächste Véirel néicht méi entgéint ze sëtzen an esou hued Lëtzebuerg dëse Match mat 86: 54 gewonn.
Am Match tëschent Italien an UK wär een gespannt op d’Prestatioun vun den englësche Kollegen. D’Englänner sinn mat enger physesch ganz stabiler Ekipp ugetrueden. Et ass vun Ufank un vum Match hin an hier gangen an keng vun deenen 2 Ekippen konnt sech richteg ofsëtzen. D’Italiener hun et vir un allem duerch Schëss aus der Distanz faerdeg bruecht, emmer een klenge Virsprong ze erhaalen. Et blouf spannend bis zum Schluss, mee entgéint den Erwaerdungen hunn d’Italiener d’Uewerhand mat 75:67 behaal an si hunn des Victoire frenetesch gefeiert.
Am Match Lëtzebuerg / UK de folgenden Dag wär een gespannt op d’Reaktioun vun eise Frënn vun der Insel. Duerch schnellt Spill an eng gudd Worfquote konnt den 1. Véirel mat enger Avance vun 20:7 gewonn ginn. Duerno hunn d’Englänner dogéint gehal an hiert Spill virun allem ënnert d’Kierf verlagert, wou si eiser Ekipp physesch iwwerleen wären. Sou hatten Bissener, Ney an Aust genuch ze dinn fir am Rebond bestoën ze bléiwen. All Kéiers wann d’Englänner rukomm sinn, konnt eis Ekipp mat Distanzwërf hieren Elan briechen an esou stung et zum Schluss 65:45 fir d’lëtzebuerger Police.
Eis Ekipp gët 1. vun dësem Tournoi an ass och lo fir de Final Round am September zu Athen qualifizéiert. Chapeau fir dës aussergewéinlech Performance!
(click to enlarge)
Weider Informatiounen zu dësem Tournoi fann dir hei an weider Photoen fann dir hei





