79-51 géint d’Spuerkees verluer
D’Spuerkees koum mat eng staarker Garnitur op den Terrain. Mir hun bis an d’Halschent gekaempft, gudd getraff an gelaaf do wou et riicht waar. Esou stung et an der Paus 35-34 fir Spuerkees. Deen 3. Quater huet eis komplett aus der Bunn bruecht, mir hun eist Spill net fonnt an d’Spuerkees huet eis Situatioun direkt erkannt an uerdentlech Drock gemaach, esou dass mir ze vill nervös goufen, ze vill hasseleg an onpräzis opgeworf an dunn neischt zu staanen bruecht hun. Mir hun am 3. Quater 1 Kuerf geschoss wou géint Spuerkeess eis 16 Pkt geheit huet. Den Zuch waar fort an esou hued d’Spuerkees verdengt gewonn.





