2017 USPE Final Round Athen (GR)

USPE_LOGO                                  Logo_Basketball_men_2017                                    Griechenland

Nodeems eis Ekipp sech am Mee zu Dikkrech am Virronnturnéier exzellent geschloen hat an den Tournoi mat Victoiren géint Italien an England fir sech konnt gewannen, konnt een gespannt sin op eis Prestatioun zu Athen.

IMG_1050

(click to enlarge)

D’Lousgléck waer net op eiser Säit an esou si mr an déi schwéierst vun deenen 2 Poolen gefall, dat mat de Griechen als Titelverdeedeger, de Litauer als Vizechampion an Island, déi wéi ëmmer mat enger staerker Ekipp untrieden.

 

IMG_1067  A1

(click to enlarge)

Géint d’Griechen (102-66) an Litauen (40-93) waer gewosst, dat néicht ze radette géif, zumols wou bei de Griechen e puer Ex Pro A Spiller an der Ekipp waeren an och bei der Basketsnatioun Litauen traditionell ganz staerk Spiller matwierken.

2 10 16

(click to enlarge)

 Esou waer de Match géint déi méi héich gehandelt Islänner déi eenzeg Méiglechkeet een Exploit faerdeg ze brengen an dat ass onse Jungs dann och gelong (70-60). Bravo!

23

 

Em Platz 5 goung et dunn géint Ungarn an do hun eis Spiller nach eng kleng Sensatioun faerdeg bruecht. De Match konnt mat 78-69 gewonne ginn, Mention spéciale och un de Philippe Gutenkauf mat 43 Punkten an dësem Match! Esou ass d’letzebuerger Police lo déi 5.bescht Basketsekipp am europäeschen Policebasketschampionnat! Du jamais vu!

IMG_1144

Ofschlosstabell:

1. Griechenland
2. Litauen
3. Frankreich
4. Belgien
5. Luxemburg
6. Ungarn
7. Island
8. Niederlande

 

 

WordPress Themes