Défaite géint Team Teaching

Et waer schons virun dësem Match kloer, dat de Gewënner eng sérieux Optioun op den Championstitel géif huelen.

De Match tëschent den 2 Titelkonkurrenten ass mat 100 à l’heure ugangen an eis Ekipp waer direkt vun Ufank un exzellent agestallt. No 5 Minuten waeren mir schons 5:17 vir an et gung mat 16:26 an den 2. Quarter.

Leider ass dunn am 2. Véirel d’Linn verluere gangen, trotz ville Fehlpassen an schlechten Schëss konnt sech awer nach mat 31:33 an d’Paus gerëtt ginn

Nom Téi huet sech dunn de Match ufanks op deenen 2 Saïten equilibréiert, mee d’Schoulmeeschteren hun awer vun eiser schlechter Trefferquote profitéiert fir an der 26 Minutt dunn a Féierung ze goen. 4 Dräier vum Rui Nunes hun dunn de Schoumeeschteren et erlaabt, den décisiven Ecart ze maachen an esou ass den Quarter 23:9 verluere gangen

Am leeschten Véirel hun eis Jongen nach enger Kéier alles dru gesaat, mee et sollt näicht méi ragoen. Endresultat: 70:61 fir den Team Teaching

WordPress Themes