2013 USPE Final round Torino

Eis Ekipp konnt sech duerch hier 2. Platz zu Lëtzebuerg in extremis als 2nd „Second Best“ op Käschten vun der Türkei fir de Final Round zu Turin qualifizéieren.

Zu Turin gouf an 2 Poule gespillt:

Grupp A: Italien, Ungarn, Griechenland an Holland

Grupp B: Frankräich, Lëtzebuerg, Belsch an Litauen

Ekipp Torino

(click on picture to enlarge)

Wéi gewinnt gouf et géint Litauen eng uerdentlech an d’Akaul 42:104.

De Match géint d’Belsch hued missen em puer Stonnen verluegt, well duerch een Abroch an eis Camionetten e puer Spiller hier Sportssachen geklaut krutten, an du schnell hu missen Sportsachen besuergen. De Match ass ganz knapp op 4 Punkte verluer gangen, eng Victoire hatte d’Halleffinal bedéit. Hei de Match op Youtube

Grouss Satisfaktioun gouf et dunn, wéi mir d’Fransouzen ënnert dem Impuls vun Bissener an Weyrich mat 4 Punkte klappe konnten 79:75. Hei de Match op Youtube

_mg_4024   _mg_4010

(click on picture to enlarge)

Dëst hued bedéit dat mir em déi 5. a 6. Platz konnte spillen. Géint Ungarn wären awer dunn eis Kräften um Ënn an et gouf eng 81-46 Défaite. Hei de Match op Youtube

_mg_4204_mg_4218_mg_4203

(click on picture to enlarge)

Am Schlussklassement gët Lëtzebuerg déi 6. vun 8 Ekippen, dat bislo bescht Resultat vun eiser Ekipp an engem USPE Championnat. Gewonn hued rem Griechenland an dat mat 88-67 géint Litauen.

Schlussklassement

 

WordPress Themes