Urspreng
Den Schiltz’en Dan an den Oth’s Marc sin eigentlech drun « Schold », dat et desen Club gët. Am Dezember 2002 hun si sech op d’Bee gesat fir den BBC Police an d’Liewen ze ruffen.
No ufänglechen Schwieregkeeten konnt dun den BASKET BALL CLUB POLICE GRAND-DUCALE, asbl fondée en 2003 an d’Liewen geruff gin. Eis éischt Haal wär den Hall sportif du Centre Culturel an der Rue Lavandier zu Hollerech.
Den éischten Comité hued sech folgendermossen zesummengesaat:
Président: Marc STEIN, 1er Vice-Président: Dan SCHILTZ, 2ème Vice-Président: Thierry DECKER,
Secrétaire: Marc OTH, Trésorier: Pascal PETERS, Membres: Charel MANDERSCHEID an Ralph KOHN
2004 hued de Club dunn och ugefong am BASCOL matzespillen an konnt direkt d’Bascol’scoupe wannen. BARTHOLMY’s Gibbes hued sech bereed erklärt als Coach ze fungéiren
2005 konnten mer an eis jëtzeg Haal an der International School plënneren (e grousse Merci un d’Direktioun vun der ISL) an och fir d’éischt an eiser Geschicht um USPE Championat deelhuelen. D’Rees op Palermo ass allen Bedeelegen memorabel an Arënnerung bliewen.
2009 konnten mer eis suguer am USPE Championnat fir den Final Tournement an Holland qualifizéiren, nodeems mir een Tournoi vun der Virronn zu Lëtzebuerg organiséiert haaten.
Säit 2010 spillen mer mat 2 Ekippen am BASCOL. Dat Joër konnten mer och de BASCOL Champion féieren.
No der sportlecher Retraite vun e puer Spiller hu mir eis B Ekipp 2013 an der Bascol rem ofgemëllt. 2013 konnten mir eis fir 2. am USPE Championnat fir den Final Tournement zu Turin qualifizéiren, nodeems mir een Tournoi vun der Virronn zu Lëtzebuerg organiséiert haaten.
2017 waer et déi 3. Kéier dat mir am USPE Championnat eng Virronn zu Dikrech organiséiert hunn. Duerch 2 stark Victoiren géint England an Italien gouf den Tickee fir d’Final zu Athen gepëtzt.