De BBC Police

D’Basketsportssektioun vun der Police Grand-Ducale ass den 13. Februar 2003 als ASBL gegrënnt gin. All Personal vun der Police, ob uniforméiert oder zivil, Mann oder Fra, ob lizenzéiert oder „Streetballer“, ass wëllkomm. Trainingszäiten sin, ausser de Schoulvakanzen, Dënsdes vu 19 bis 21H Auer an der Sportshaal vun der Policeschoul.

 

Eise Club mat ronn 20 Spiller(innen)  hued och eng Ekipp am BASCOL Championnat engagéiert. Duerfir sin, wa Matcher gespillt gin, keng Traininger an der Woch.

 

Mir spillen och vun Zäit zu Zäit Matcher géint Polizeikollegen aus dem Ausland, sou zum Beispill am Kader vun der USPE , der European Police Sports Association.

 

Mir sin och gären Bereed, Frëndschafts- oder Trainingsmatcher géint aner Klib ze spillen. Fir weider Info’en, kontaktéiert w.e.g eisen Sekretär.

 

     For our friends from abroad:

     The basketball section of Luxembourg Police has been founded in 2003. It welcomes all kind of police personnel enjoying basketball and willing to share some good time between colleagues. Our gym is located at the Police school in Luxembourg-Findel

 

Beside participating in the USPE (European Police Sports Association) Championship, we are willing to play friendship games and scrimmages. For further information, please contact our secretary. 

WordPress Themes