Wéi praktesch an all Match des Saison , hunn mir eis am 1. Vierel schwe´er gedo´en fir eist Spill ze fannen.
An der Défense as net mateneen geschwaat gin, mir hun net ausgeblockt, mir hun net aus Team geschafft, eis Attack bestoung aus muncher Feelpass, eis Lay-Up´en goungen net eran, an doduerch hun mir eis selwer nervös gemaat an emer méi hektesch gespillt.
Ab den 2. Vierel hun mir Rou font , eist Spill opgebaut , iwerle´en Passen gemaat, an der Défense een deem aaneren gehollef, geschwaat mateneen, jeh mir hun net nemen Team geruff nee mir waren en Team.
No der Halschent waeren mir klo´er iwerle´en an woussten eng secher Differenz erauszespillen , waat eis erlaabt huet 11 Spiller och ´spillen´ ze loossen!
Géint den Team Teaching konnten maer eis am 1. Veierel direkt en Avantage vun 15 Punkten eraus spillen an deen och iwwert den ganzen Mätch hin jereieren.
Defensiv stoungen maer ganz gudd, an dat huet eis erlaabt desen Avantage ze haalen.
Team Teaching huet awer den ganzen Mätch net labber geloss, dest wahrscheinlech en Vue vun der Bascol Coupe final en Samsden geint d’Black Lions.
Elo heescht et nach geint CFL & den Eurobasket gewannen fir daerfen den Champion an der Bascol ze féieren!
De Match géint d’Black Lions, aktuelle Leader am Championnat, wär keen schéinen Basket, mee éischter eng Renconter mat Kampf an Asaz. Keng Ekipp konnt sech esou richteg ofsetzen, an du gouf et zum Schluss e richtegen Krimi, well et goung an d’Verlängerung. Do hat eis Ekipp dunn déi besser Reussite an esou gouf de Match mat 60-63 gewonne!
Des Victoire géint den direkten Titelkonkurrent wär extrem wichteg fir weider an der Titelcourse ze bléiwen. Et bléiwen elo nach 3 Matcher ze spillen a wann déi all gewonne ginn, kann den Champion geféiert ginn!