Just am éischte Véierel wär d’Partie ausgeglach. Duerno hunn eis Physis an eis Iwwerleeënheet ënner dem Kuerf (points in paint) den Ënnerscheed gemeet, esou dat des Partie tëscht dem Tabellendrëtten an Tabellensechsten däitlech mat 47 zu 83 fir d’Police ausgaangen ass.
Bedingt duerch Verletzungen & Erkältungen hun maer mat nemmen 5 Spiller un den Eliminatoiren vun der Bascol Coupe den Samsden 02.02.2019 deel geholl.
An eiser Pool dei net einfach wuer konnten maer awer duerch en staarkt Kollektiv all Mätch gewannen sou dass maer die 1. an eiser Pool gin sin.
Police – EIB : 23-8
Police – POST : 30-19
Police – Eurobasket : 23-17
Police – BIL : 21-18
Leider hunn sech 2 Spiller am Mätch geint BIL un der Wued verletzt, esou dass maer ½ Final geint Black Lions zwar zu 5 ugefaang hun awer den ganzen Mätch zu 4 gespillt hun an do 45-27 verluer hun.