Top Leeschtung: Lëtzebuerger Police gewënnt den Qualifikatiounstournoi!!

USPE_LOGOAm éischten Match géint d’Italiener hued et nach am Ufang net esou ausgesin. Eis Ekipp luch nom 1. Véirel  mat 15-17 hannen. Duerno ass enner dem Impuls vun Picco, Gutenkauf an Bofferding de Knuet awer esou richteg geplatzt an dëse Véirel gung mat 30:12 un eis Faerwen. D’Italiener hatten deem och déi nächste Véirel néicht méi entgéint ze sëtzen an esou hued Lëtzebuerg dëse Match mat 86: 54 gewonn.

 

Am Match tëschent Italien an UK wär een gespannt op d’Prestatioun vun den englësche Kollegen. D’Englänner sinn mat enger physesch ganz stabiler Ekipp ugetrueden. Et ass vun Ufank un vum Match hin an hier gangen an keng vun deenen 2 Ekippen konnt sech richteg ofsëtzen. D’Italiener hun et vir un allem duerch Schëss aus der Distanz faerdeg bruecht, emmer een klenge Virsprong ze erhaalen. Et blouf spannend bis zum Schluss, mee entgéint den Erwaerdungen hunn d’Italiener d’Uewerhand mat 75:67 behaal an si hunn des Victoire frenetesch gefeiert.

 

Am Match Lëtzebuerg / UK de folgenden Dag wär een gespannt op d’Reaktioun vun eise Frënn vun der Insel. Duerch schnellt Spill an eng gudd Worfquote konnt den 1. Véirel mat enger Avance vun 20:7 gewonn ginn. Duerno hunn d’Englänner dogéint gehal an hiert Spill virun allem ënnert d’Kierf verlagert, wou si eiser Ekipp physesch iwwerleen wären. Sou hatten Bissener, Ney an Aust genuch ze dinn fir am Rebond bestoën ze bléiwen. All Kéiers wann d’Englänner rukomm sinn, konnt eis Ekipp mat Distanzwërf  hieren Elan briechen an esou stung et zum Schluss 65:45 fir d’lëtzebuerger Police.

 

Eis Ekipp gët 1. vun dësem Tournoi an ass och lo fir de Final Round am September zu Athen qualifizéiert. Chapeau fir dës aussergewéinlech Performance!

IMG_2087

(click to enlarge)

 

Weider Informatiounen zu dësem Tournoi fann dir hei an weider Photoen fann dir hei

2017 USPE Qualifikationstournoi zu Letzebuerg

USPE_LOGOAm Kader vum 9ten Championnat vum USPE PoliceBasket fënnt den Qualifikatiounstournoi vum Grupp B hei zu Letzebuerg statt.

3 Ekippen kämpfen fir d’Qualifikatioun am September op Athen: Lëtzebuerg, England an Italien

 

Zäitplang:

Donneschdes 11. Mee

9.00H Opening Ceremony

10.00H  Lëtzebuerg – Italien

17.15H Italien-England

 

Freides 12. Mee

09.30H  Lëtzebuerg – England

 

All d’Matcher sin an der Haal Pyramide vum Dikkrecher Lycée (néit Gebäi).

Informatiounen zu den vergangenen Tournoi’en fann dir hei

End of Bascol Season!

BASCOL-LOGO-FINAL-50-JoerDe BBC Police schléisst d’Bascol-Saison 2016/2017 als Vize-champion of!

Géint d’Post wär et nach 55:60 Défaite ginn. D’CFL konnt kee grousse Widerstand leeschten an esou gouf deen Match mat 37:64 gewonn.

Am Match géint de géint de spéidere Champion Black Lions hued eis Ekipp eng Top-Leeschtung bruecht an esou konnt dee Match mat engem Ennerscheed vun 30 Punkte gewonn ginn (72:42)!

Den allerleschte Match vun dëser Saison gouf Forfait géint d’Luxballers gewonn.

Fazit: Eng propper Leeschtung vun eiser Ekipp, déi sech als Opsteiger déi 2. Platz konnt sëcheren. Bravo!

WordPress Themes