Frendschaftsmatch géint Maizières-les-Metz 78:73
Nodeems mir virun 2 Joer op Maizières-Les-Metz op e Frendschaftsmatch invitéiert gi wären, wou mir duerno och nach all zesummen e ganz flotten Owend verbruecht haaten, konnte mir endlech eis Frënn vun Maizières op e Match op Lëtzebuerg invitéieren!
Et waar en flotten Match, wou déi ‘aal Huesen’ vun Maizières mat engem einfachen, iwerluechtem, passräichen Spill den Altersenerscheed zu eis clever ze meeschteren woussten. Et as emmer eng besonnesch Erfahrung wann een op den Terrain geet, wou een ‚aal Hären‘ geseit sech waarm maachen, an wou een sech dann seet : Oh daat get locker……..! Vun weegen et d’Resultat weist et. Maizières huet vum Opbau hir een “Scolairesbasket” gespillt, huet et faerdeg bruecht durch schnell Ronderempassen een frei ze kre’en, deen dann och nach sein Drei’er erangeschoss huet, am Rebond hun sie neischt aaneschtes gemaat wéi ausgeblokt, an sie hun gewisen waat Bëss as.
Mir sin duerno zesummen eppes Iessen gaangen, an haaten net nemmen en spillereschen mais och en frendschaftlech angenehmen Owend, kurz en flotten Ofschloss vun eiser Basketsaison! Spezielle Merci och un eise Francis “National” !!





