In extremis géint d’Schoulmeschteren…
… mat der Schlussirene 56-57 gewonn. Teamteachers, eng vun den beschten Ekipen aus der Bascol, sin des Keier erem mat hirer gewinnt staarker Ekip ugetrueden an hun eis vun Ufank un näischt geschenkt.
Et war e kämpferesch ganz staarken an flotten Match an daat op denen 2 Säiten. Ugangs sin se eis durch Zone spazeiert an hun einfach Punkten önnert dem Kuef geschoss. Mä den Ecart war just eng Keier 6 Punkten, sos waren se den ganzen Mätch emmer nemmen 1 oder 2 Punkten vir an et stung och souguer puer mol gläich. Mir konnten mat engem Punkt kurz Feierung zum Schluss vum 2. Véirel iwerhuelen, mä net fir all ze laang.
Den 3. Véirel waren et op denen 2 Säiten net vil Punkten mä an der Defense as stramm gemauert gin. Obschon bei eis oft den3. Véirel mei hektesch verleeft, huet e gesin, dat Spill roueg gelaaf as, an durch e ganz gudden Kollektiv sin eng ganz Partie wonnerschein Spillzich eraus koumen. Et as wirklech haart gekämpft gin an jidderen huet säin Maximum gin. Och hun eis Neizougäng, den Pol Bartholmy an den Arnaud Collard genau sou wie die aal Huesen hun sech besonnech an der Defense super erfir gedoen an den Teachers Liewen ennert dem Kuef richtech sauer gemaach.
1 Min 30 viru Schluss lungen mir endlech mat 3 Punkten vir an 7 Sekonnen virum Enn schon erem 1 Punkt hannen. Die läscht 3 Sekonnen vum Match war Spannung kaum nach auszehaalen an mir waren am Ballbesetz. Den Claude Weirich huet dun den Saak definitf zou gemaach an mat sengem läschten Kuerf an döser Partie wannen mir op 1 Punkt. E wonnerbaren Mätch an 1 super Leeschtung vun eiser Ekipp!!
Yam





