An dem 2. Match hun eis Faarwen eng gudd Leschtung gebueden a konnten no der Halschent lues a lues e Virsprong obbauen. D’Irlänner hatten dem, trotz Kampfgeescht, net méi vill entgéint ze setzen, esou dat d’Victoire mat 57:46 ganz an d’Réi geht.
Lo sin d’Dieren op fir um Final Round Ufanks Oktober zu Turin deelzehuelen!!

Den éischte Match hun d’lëtzebuerger Faarwen opgrond vun enger enttäuschender Leeschtung géint Ungarn verluer. Zevill Ballverloschter an net genug Genauegkeet an der Offensiv hun schlussendlech eng Victoire kascht géint e Géigner, den duerchaus ze klappen waer!!
Um 17:00H hued dunn Ungarn d’Irlänner zimlech däitlech mat 76:55 geklappt. Hungary – Ireland 76:55

Am Kader vum 8ten Championnat vum USPE PoliceBasket fënnt den Qualifikatiounstournoi vum Grupp C hei zu Letzebuerg statt.
3 Ekippen kämpfen fir d’Qualifikatioun op Turin am September: Letzebuerg, Ungarn an Irland
Oflaaf:
Freides 10. Mee
9.00H Opening Ceremony
10.00H Lëtzebuerg – Ungarn
17.00H Ungarn-Irland
Samdes 11. Mee
10.00H Irland – Lëtzebuerg
12.00H Closing Ceremony
All d’Matcher sin an der ISL Haal um Geesekneppchen