D’Boxen an T-Shirts sin beim Ralph um Büro (SPJ/Sect. Stupéfiants 2. Stack)a können ab dem 13. Juni 2012 do ofgeholl gin. Just Bescheed soen,wann dir laanscht kommt.
Leschte Freiden hatte mir e flotten Match zu Maizières-les-Metz “chez Francis” . Mir hun eis missen schlussendlech géint déi eeler Hären geschloen gin. Chapeau un den BC Maizières!
Déi 3. Halschent ënner Form vun engem Casse-Croute, waer ganz agreabel a gaschtfrëndlech , duerfir nach eng Kéier ee grousse Merci un de Francis a seng ganz Ekipp!!
Geschter hu mer géint 68-79 géint d’belsch Policenationalekipp verluer.
Et waer en haerden Match wou mir eis gudd zreckgekämpft hun (an esou guer e Moment vir luungen!!), géint eng Ekipp déi physesch definitiv vill méi staerk waer, an och absolut fir ze wannen komm waer.
Eis Leeschtung kritt och nach méi Bedeitung well des bëlsch Ekipp dest Joer géint d’Englänner, d’Hollänner an esou guer d’Franzousen gewonn hued.
An dem Sënn nach eng Kéier Chapeau fir d’Leeschtung vu gëschter