De BBC Police huet matgedribbelt!

Beim Special Olympics 24 Stonnen Dribbel Marathon duerch d’Land huet den BBC Police gären matgedribbelt

Hei de Link op déi flott Initiative https://www.rtl.lu/radio/feature/s/3677903.html

An op d’Special Olympics Luxembourg an hir Basketsekipp

Et geet erëm lass!

Nächsten Dënsden 21. September 21 starten mir erëm mam Training an der ISL an der neier Haal am Respekt vun dem COVID Réglement

Saison ass eriwwer!

Wéi och bei der d’FLBB ass d’2020’er Saison fir d’Bascol fréizäiteg wéinst dem Coronavirus eriwwer.

De BBC Police felicitéiert dem neien Champion Team-Teaching a schléisst de Championnat als Vize-champion of.

2020 wäert et dann och keen Coupegewënner gi, d’Finale géint Team-Teaching ass och ofgesot.

Traininger sin och bis op weideres ofgesot.

Et gëllt lo fir eis all, sech duerch d’Aschränkung vun de soziale Kontakter solidaresch ze weisen an esou dem Gesondheetssystem beschtméiglech ze hëllefen der Pandemie Meeschter ze ginn!

All eise Memberen an Spiller gëtt eng gutt Gesondheet gewënscht a wann et dann rëm esou wäit ass, rappe mir rëm un!

Allez BBC Police!

Sämtlech Coupefinalen fir dësen Samsden 14.3 ofgesot !

Wéinst der Infektiounsgefor duerch den Corona Virus sin sämtlech Coupefinalen, also och d’Bascol’scoupefinal, ofgesot. Si ginn zu engem spéideren Zaïtpunkt nogehol.

Défaite géint Team Teaching

Et waer schons virun dësem Match kloer, dat de Gewënner eng sérieux Optioun op den Championstitel géif huelen.

De Match tëschent den 2 Titelkonkurrenten ass mat 100 à l’heure ugangen an eis Ekipp waer direkt vun Ufank un exzellent agestallt. No 5 Minuten waeren mir schons 5:17 vir an et gung mat 16:26 an den 2. Quarter.

Leider ass dunn am 2. Véirel d’Linn verluere gangen, trotz ville Fehlpassen an schlechten Schëss konnt sech awer nach mat 31:33 an d’Paus gerëtt ginn

Nom Téi huet sech dunn de Match ufanks op deenen 2 Saïten equilibréiert, mee d’Schoulmeeschteren hun awer vun eiser schlechter Trefferquote profitéiert fir an der 26 Minutt dunn a Féierung ze goen. 4 Dräier vum Rui Nunes hun dunn de Schoumeeschteren et erlaabt, den décisiven Ecart ze maachen an esou ass den Quarter 23:9 verluere gangen

Am leeschten Véirel hun eis Jongen nach enger Kéier alles dru gesaat, mee et sollt näicht méi ragoen. Endresultat: 70:61 fir den Team Teaching

An der Coupefinall!

Lëschten 1. Februar huet eis Ekipp zu Ueweranven d’Eliminatoiren vun der Bascol Coupe gespillt.


Nodeems all Matcher an der Pool géint d’BEI, EY an Amazon konnte gewonnen gin, konnt eis Ekipp och Arcus an der Halleffinall schloën an steet soumat an der Finall vum der Bascol Coupe.

Do wäert mat den Schoulmeeschteren. leschtjaehregen Coupe Gewënner, een zolitten Géigner op eis, deen awer ze packen ass.  Den 14. Mäerz ass eng exzellent Geleeënheet fir no 2003/2004 erëm eng Kéier d’Coupe kënnen ze féieren.


Kommt eis Ekipp Samschdes den 14.3 um 15h15 am Virfeld vun der LALUX Ladies Cup an der Coupe de Luxembourg an d’Arena vun der Coque uféieren!

WordPress Themes